Dës Woch am Passepartout, weise mir d'Julie Wagener an den Arny Schmit am Duebel-Portrait. Mir hunn den zwee Artiste konnten iwwer d'Schëller kucke bei hire Preparatiounen op hir Duo-Expo an der Galerie Reuter Bausch.
Dës Duo-Show bréngt d'introspektiv Praktiken vun de Lëtzebuerger Kënschtlerinnen a Kënschtler Julie Wagener an Arny Schmit zesummen, déi d'Themen vun der Entfremdung, Transformatioun an eiser Plaz an enger séier wiesselnder Gesellschat erfuerschen.