An engem vun den eelsten Haiser am Éislek krut d'Kënschtlerin Chantal Maquet d'Chance, iwwert sechs Méint e gréissere Projet auszeschaffen.

D'Thema vun der Heemescht, d'Gefill vun Doheem a d'Verwuerzlung sinn hir wichteg. Dohier och den Titel "Visage d'un paysage". An hirem Projet portraitéiert si d'Clierfer Awunner, ma och Landschaftsmolerei spillt eng wichteg Roll. Fir d'Portraite benotzt si eng ganz aner Faarfpalette wie soss. Fir gewéinlech sinn hir Wierker an de Faarwe rosa, gréng a blo, mee dës Kéier sinn d'Portraiten a realisteschen Téin gemoolt.

Eng Residenz vu sechs Méint ass och eppes Neies fir d'Kënschtlerin. Souguer de Lieu selwer huet si inspiréiert an eng nei Passioun ass entstanen. Si bedreift fir déi éischte Kéier e Gaart. De ganze Prozess vum Uplanze bis zum Plécke faszinéiert si a gëtt hir d'Gefill vun Doheem.

Nieft hirer Konscht huet d'Chantal Maquet awer och d'Graphic-Novel "Dat huet jo näischt mat mir ze dinn" erausbruecht. An dëser thematiséiert si Rassismus, Diskriminéierung an och Kolonialismus. An der Graphic-Novel hannerfreet si hir eege Familljegeschicht. Heibäi léiert si och, wéi ee sech kann aktiv géint de Rassismus placéieren.

Déi nächste Woche schafft Molerin nach weider un hire Projeten an d'Resultat vun de sechs Méint intensiver Aarbecht kann een am Hierscht am Cube 521 zu Maarnech entdecken.

Link zum Artikel : https://www.rtl.lu/kultur/news/a/2089580.html