• share
  • share
  • presse
  • Gust Graas
  • Exklusiven Abléck an d'Konscht vum Gust Graas
  • Apr. 15, 2022
News of Reuter Bausch Art Gallery Exklusiven Abléck an d'Konscht vum Gust Graas

Exklusiven Abléck an d'Konscht vum Gust Graas

An der Reuter Bausch Art Gallery an der Stad kann een den Ament eng ganz Partie vu senge Wierker entdecken.

De Gust Graas war, ënnert anerem, Generaldirekter vun RTL Lëtzebuerg a Matgrënner vun der Luxair. Parallel zu senger professioneller Karriär hat hie quasi een zweet Liewen als Kënschtler gefouert. An der Reuter Bausch Art Gallery kann een zum Beispill Kreatiounen, déi bis ewell just seelen oder nach ni virdrun ausgestallt goufen, entdecken.

Dem Gust Graas seng Molereie goufen schonn uechter déi ganz Welt ausgestallt. Bekannt ass hie virun allem fir seng abstrakt Wierker, déi vun de 70er Joren un entstane sinn, ma dës Ausstellung bitt dem Visiteur och een exklusiven Abléck a seng ufänglech Molerei. Et si figurativ Biller, mat enger Virléift fir de Portrait.

Fir de Gust Graas war d'Molerei awer net just ee Spill mat Formen, Faarwen an der Luucht, ma och mat der Matière. Gepräägt vum mediterrane Flair vu Mallorca, wou hie méi wéi 15 Joer laang gelieft hat, hat hien op sengen Toillen déi verschiddenst natierlech Materialie verschafft. E Kreatiounsprozess, an deen de Kënschtler och gäre mol seng Famill mat abezunn huet.

 

Wierker, déi de Grand public bis zu dëser Ausstellung nach net kannt huet, si Skulpturen aus Holz oder Metall. Déi passend Stécker dofir hat de Kënschtler sech ënnert anerem bei Schrotthändler zesummegesicht.

Nach bis den 30. Abrëll kann een dem Gust Graas seng Wierker an der Reuter Bausch Art Gallery entdecken.

more informations